Kommt bei eis laanscht op eng gemittlech Raclette-Soirée!
An eisem klenge Chalet kënnt Dir déi authentesch schweizer Raclette mat frësche Beilagen an engem waarmen a gemittleche Chalet-Ambiente genéissen – Perfekt fir déi kal Deeg!
De Chalet gëtt ganz fir Iech privat reservéiert, esou dass Dir vu kengem gestéiert gitt.
Egal ob mat Frënn oder der Famill, mir empfänken Iech häerzlech fir e gesellechen Owend mat leckerem Iessen an enger Auswiel u Wäiner vun eise franséische Wënzerfrënn, bei deenen mir scho säit iwwer 16 Joer perséinlech eis Wäiner auswielen.
Mir huelen Reservatiounen vu Gruppen ab 8 Persounen un a kënnen maximal 16 Gäscht empfänken.
Reservéiert elo ären Dësch a genéisst e flotten Owend bei eis!

Reservéiert elo ären Dësch an erliewt en onvergiesslechen Owend!






